Wéi ee Boomerang!

Wiel d'PARTEI, well si ass gutt.

Wéi ee Boomerang!

Viru méi wéi 20 Deeg gouf net nëmmen eis Facebook Säit mä och déi vun de Kolleege vu RTHELL, dem Florian Holtgen, Jeff Cigrand an aner Säiten déi vun de PARTEI Admins verwalt gi geläscht. Dozou goufen d’Profiller vun eise Virstandsmembere gespaart. Ee Grond? Eng Warnung? Fehlanzeige…

Wat wéi ee béisen Dram ausgesäit ass Realitéit ginn. Domat huet eng privat Entreprise aus den US vun A, d’Politlandschaft zu Lëtzebuerg gestéiert. Ganz kloer ass do de Versuch vun Amerikaniséierung vum Grand-Duché probéiert ginn.

Eis Facebook-Säit op Facebook, duh.

Wisou mir gespaart gi sinn ass eis haut nach onkloer.

An der Tëschenzäit ass eisem Generalsekretär säi Facebook-Konto nees entspaart ginn an domat och den Zougang zu eiser Facebook-Säit. Wat mat den aneren Admins lass ass, goufe mir nach net gewuer.

Laang Geschicht, kuerze Sënn: Mir sinn nees do, mä mir ware ni wierklech fort! Esou schnell kritt een d’PARTEI an eise Plang d’Weltherrschaft ze erlaangen net kleng. Your move, Zuckerberg.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.