Wéi eis EU-Deputéiert NET hir Stëmm ofginn

Wiel d'PARTEI, well si ass gutt.

Wéi eis EU-Deputéiert NET hir Stëmm ofginn

text under the eu flag

Mir hunn eis mol ugekuckt wei oft eis EU-Deputéiert iwwerhaapt hir Stëmm **net** ofginn hunn.

Net ze stëmmen ka bedeiten datt si guer net present waren, oder awer datt si present waren, mee keng Stëmm ofginn hunn. Am EU-Parlament geet et duer sech moies anzeschreiwen, et muss een duerno net bei der Plenarsëtzung dobäi sinn. Fir déi Ënnerschrëft ginn et dann 338€ Dagesgeld.

D’Daten déi mir ausgewäert hunn si vum 1.1.2023 bis 28.2.2024:

Info: Martine Kemp koum méi spéit dobäi an hat de Christophe Hansen ersat.

Tilly Metz huet vun 5566 Ofstëmmungen bei 482 Ofstëmmunge net matgestëmmt.
Dat si ronn: 8.66%

————————————————–

Monica Semedo huet vun 5566 Ofstëmmungen bei 807 Ofstëmmunge net matgestëmmt.
Dat si ronn: 14.5%

————————————————–

Isabel Wiseler-Lima huet vun 5566 Ofstëmmungen bei 436 Ofstëmmunge net matgestëmmt.
Dat si ronn: 7.83%

————————————————–

Marc Angel huet vun 5566 Ofstëmmungen bei 571 Ofstëmmunge net matgestëmmt.

Dat si ronn: 10.26%

————————————————–

Martine Kemp huet vun 1124 Ofstëmmungen bei 137 Ofstëmmunge net matgestëmmt.
Dat si ronn: 12.19%

————————————————–

Charles Goerens huet vun 5566 Ofstëmmungen bei 851 Ofstëmmunge net matgestëmmt.
Dat si ronn: 15.29%

————————————————–

Top 3 net-Wieler:

  1. Charles Goerens (Huet sécher misse seng Suen zielen)
  2. Monica Semedo (War puermol ausgeschloss well et seng Ugestallten gemobbt hat)
  3. Martine Kemp (Huet wuel ze vill Pestizide geschnëffelt)