Wéi vill verdéngt en EU-Deputéierten?

Wiel d'PARTEI, well si ass gutt.

Wéi vill verdéngt en EU-Deputéierten?

banknote lot

D’Liewen als EU-Deputéierten:

  • 9’808,67 € Brutto de Mount -> ronn 7’646€ Netto
  • 338€ Dagesgeld, wann een sech aschreift och wann ee net present ass bei der Sëtzung
  • 4’778€ de Mount fir Büroskäschten

Also Ronn eng Netto-Pai vun:

  • 91’752€ d’Joer

—-
Pauschal fir Büroskäschten:

  • 57’336€ d’Joer

—-

D’Dagesgeld variéiert am Joer/Persoun, mee zum Verglach zu Lëtzebuerg ass de Mindestloun bei ronn 128,55€ den Dag. (4 Wochen 5 Deeg * 8 Stonnen)

Eiser Rechnung no wann een vum 1.1.2023 bis den 28.2.2024 Bei all Sëtzung dobäi war wieren dat 36’166€ fir 107 Deeg.
—-

Donieft kritt en EU-Deputéierten och seng Fahrtkäschten bezuelt fir bei d’Sëtzungen ze kommen.

Gëtt verwalt vun der EU:

  • 26’734€ Budget de Mount fir Assistenten

En EU-Deputéierten verdéngt also locker iwwer 100’000€ A kritt nach Käschten gedeckt.