Sektioun grënnen

Wiel d'PARTEI, well si ass gutt.

Du wëlls eng PARTEIsektioun an denger Gemeng grënnen? Hei ass wat een muss dofir wëssen:
Eng PARTEIsektioun ass relativ autonom, muss sech awer un eis Satzung halen. De Virstand léisst hinnen esou vill Fräiraum wéi méiglech, steet awer och mat Rot zur Säit. Wichteg ass datt sech un éis Wäerter an Optriede gehale gëtt an datt ee Member ass.

De Virstand stellt:

  • Websäit
  • Plakat-Template
  • e-Mail-Konten

Wat ee muss bedenken:

  • All Member aus där Gemeng ass systematesch och Member an der Sektioun.
  • All Member huet Matsproche- an Stëmmrecht wéi an eiser Satzung festgeluecht.
  • Bei multiple Sektiounen kann e Bezierk gegrënnt ginn deen de Walbezierk abezitt.
  • PARTEIaarbecht ass fräiwelleg.

Wann s du wëlls eng PARTEIsektioun grënnen mell dech iwwert eise Kontaktformulär.