Nach méi Aussepolitik um BundesPARTEItag

Wiel d'PARTEI, well si ass gutt.

Nach méi Aussepolitik um BundesPARTEItag

Ee Mount ass vergaangen zanter deem eise President zu Münche war, a schonn ass e nees um Tour. Des Kéier war hien um BundesPARTEItag zu Mainz. Begleet ënnert dem Schutz vun de Sons of Sonneborn gouf hien direkt virun d’Halle 45 chaufféiert wou den GöVaz Martin Sonneborn op hien gewaart huet. Mat der korrekter Ukënnegung als de neie Grousskinnek vu Lëtzebuerg gouf hien dunn empfangen. Et war kaum méiglech de Blëtzer vun de Fotoapparaten an dem Jubel ze entkommen.

No engem kuerzen awer kräftegen Hand rëselen ass et direkt weidergaangen Lëtzebuerg zu Mainz ze vertrieden. Mam Luef vum GröVaz iwwert déi geleeschten PARTEIaarbecht goufen da mol e puer Humpe geknuppt. Och participéiert huet hien op der Samschdesdemo “Samstags frei für die Polizei”, eng Iddi, sou wéi hie fënnt, déi och misst zu Lëtzebuerg gefuerdert ginn.

Um PARTEItag selwer huet hien sech mol ugekuckt wéi et soll richteg lafen, 450 Leit op esou enger Versammlung ass eppes wouvunner Lëtzebuerger Parteien nëmmen dreeme kënnen, mee en Dram deen soll an Erfëllung goen fir d’PARTEI. Weiderhin goufen Kontaker geknëppt zu Vertrieder aus dem ganze Präiseland.

Leider war et zäitlech net méiglech gewiescht fir bei der Ofschlossfeier am ZDF Fernsehgarten dobäi ze sinn. Dofir gouf dat awer doheem live matverfollegt. Hei déi beschte Momenter: