Mënschen déi e Konsumproblem hunn an domat eng Sucht entwéckelt hunn sinn nach ëmmer Mënschen. Mënschen déi Hëllef brauchen, fir nees an d’Gesellschaft eran ze kommen. Mat enger Entkriminaliséierung entlaaschte mir net nëmmen d’Polizisten, mee d’Staatskeess gëtt och gefëllt. Dat Geld kann dann zum Beispill fir e Centre d’addictologie benotzt gi wou de Leit wierklech gehollef kréien.