Op Besuch zu München

Wiel d'PARTEI, well si ass gutt.

Op Besuch zu München

Eise Präsident war zu München um Summerfest vun der Partei die PARTEI. Net nëmme fir e Mass ze knuppe mee och fir sech weider ze profiléieren an der satirescher Internationaler méi no ze kommen.

Et goufen d’Lienen tëschent der Partei d’PARTEI an der Partei die PARTEI gestäerkt mee och war hien zesumme mat de preisesche Genossen eng Glace iesse gaangen, hien hat sech 2 Bulle Kinder Bueno-Glace bestallt. Dëst awer réischt no enger Visitt vum Rathaus zu München, gefouert duerch Marie Burneleit wou e Sëtz am Gemengerot huet. Vum Rathaus aus hi mir dann och d’Münchener Vollek mat kuerze Rieden iwwert hier besser Zukunft duerch d’PARTEI informéiert.

Du koum et och zu engem Fantreffen wou esou komesch Personnagen wollten onbedéngt eng Foto maache mat eisem Präsident. De Martin Sonneborn huet sech och an d’Schlaang gestallt gehat fir eng Foto, et koum dobäi och zu engem Diskuer iwwert d’Grënnung vun der satirescher Internationaler.

D’PARTEI huet ëmmer Recht!