EU wëll Akohol an Zigarette verbidden

Wiel d'PARTEI, well si ass gutt.

EU wëll Akohol an Zigarette verbidden

Geet d’Repressioun nees un? Dat huet deemools net funktionéiert an och fir vill Doudeger gesuergt!

Duerch laangjäreg Erfarung am Drogeberäich weess d’EU datt Prohibitioun a Repressioun eng wierksam an och optimal Manéier ass fir un een Zil ze kommen. Vill grouss Nimm aus dem Parlament wësse besser am Schnéi ze spille wéi hier eege Kanner.

Wat mir och wëssen ass datt et ëmmer gutt kënnt de Präis vun den Artikele synthetesch an d’Luucht ze dreiwen. Dat huet nach kenger Persoun geschuet, zemools net dem Groussdeel vun der Gesellschaft.

D’Elite weess wéi et ass, owes no der Aarbecht, sech eng Béier ze gënnen. Am Géigesaz weess 95% vun der EU-Populatioun et net ze schätzen ee klenge Shot Alkohol ze genéissen… Dat gëtt mat der Prohibitioun vun Alkohol an Tubak ganz geännert!

Schnéi vun engem EU-Deputéierten

Ënnert dem Motto “Wat s du net kenns, wëll s du och net”, kämpft d’EU géint Alkohol, Tubak a soss aner harmlos Droge wéi Heroin a Meth.

Investéiert d’EU-Geld léiwer an Opklärung, Safer-Use an d’Kontroll vun de Substanzen.

STOPP zur Prohibitioun an Repressioun!

Hei een interessanten Artikel iwwert eis siicht géigeniwwer “illegalen Drogen”: https://partei.lu/dpartei-ferdert-entkriminaliseierung-vun-allen-substanzen/

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.