D’PARTEI fërdert: Entkriminaliséierung vun allen Substanzen

Wiel d'PARTEI, well si ass gutt.

D’PARTEI fërdert: Entkriminaliséierung vun allen Substanzen

Mir fërderen eng komplett Entkriminaliséierung vun allen Substanzen déi momentan als illegal agestuuft sinn.

De Konsument dierf net dofir bestrooft gi mee an de meeschte Fäll ass dat e MËNSCH deen hëllef brauch. Et soll a Preventioun, Therapie an e proppere Suivi vun der Persoun investéiert ginn.

Lëtzebuerg brauch och eng einfach Méiglechkeet fir datt de Konsument GRATIS seng Substanzen teste loosse kann. Ganz oft ass et de Fall datt d’Persoun eng Zort Substanz wëlles huet ze kafen mee de Verkeefer/Hiersteller aner Substanzen, Medikamenter (Paracetamol, Opioiden, Acetylsalicylsaier,…) oder Streckmettel ouni Wierkung baimescht an dat ass eng Gefor fir de Konsument. Eng weider Gefor ass d’Reinheit vun der Substanz déi ganz vill variéiere kann. D’Gefor eng Iwwerdosis oder aner Substanzen déi fir de Mënsch méi geféierlech kenne sinn ze hueen ass dann mat den gratis Labotests miniméiert.

D’Regierung kann sech un de Portugieseche System wenden. Deen ass ganz gutt.

Als Rappel: Mir verherrlechen oder verharmlosen an kenger Weis de Konsum vun illegale Substanzen. Dëst ass eng Fërderung fir de scho bestoende Konsum méi sécher ze machen an domat dem Mënsch ze hëllefen.

Fërderung:

  • Substanzen déi haut illegal sinn entkriminaliséieren. Et ass kengem Konsument gehollef wann en an de Prisong muss setzen oder eng Geldstrof bezuele muss déi verhältnisméisseg oft utopesch ass. D’Police gëtt entlaascht a kann sech op méi wichteg Affäre wéi déi vum Bommeleeër këmmeren. Mee wien ass hien? A firwat well hie Brécke futti maachen?
  • Gratis Tester fir Substanzen ubidden. De Konsum existéiert nunmol a wann d’Leit schoun eppes huelen, fëmmen, sprëtzen oder sniffe soll et no de “Safer Use” reegelen dann och vun engem Labo getest ginn, fir eventuell geféierlech Streckmëttel ze depistéieren.
  • Dem Konsument eng gratis Betreiung ubidde mat engem Suivi deen der Persoun och duerno erméiglecht déi néideg Hëllef ze kréien .
  • Investitioun an der Preventioun an Opklärung vun de Substanzen an déi mam Konsum verbonne Geforen.



#saferUse #theyAreNotCriminals #prevention #drugs #drogue #drogen #forThePeople #drogenSinnKengKamellen

RTL.lu Artikel mam Rapport iwwert den Drogekonsum zu Lëtzebuerg
https://www.rtl.lu/news/national/a/1468384.html

De Rapport als PDF vum nationalen Drogecoordinateur Alain Origer zesumme mat der PFLDT:

Tags: , , , , ,

2 Antworten

  1. […] Beitrag vun der PARTEI: partei.lu/drogenRapport vun der […]

Schreibe einen Kommentar zu EU wëll Akohol an Zigarette verbidden – d'PARTEI Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.