Grondsazprogramm

Wiel d'PARTEI, well si ass gutt.

>>Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ<<

– d’PARTEI –

vum 09. Dezember 2019

PREAMBEL

Mir, d’Membere vun der PARTEI, stellen de Mënsch an de Mëttelpunkt vun eiser Politik. Ausgoend vun de Wäerter onser Verfassung an ob Basis eiser Grondrechter, Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet wëlle mir an onser politescher Aarbecht d’Grondlagen dofir schafen, mat aneren zesummen d’Zil vun enger wierklecher mënschlecher, dat heescht friddlech a gerechter Gesellschaft unzestriewen an ze verwierklechen.

Fräiheet

Fräiheet als Grondwäert bedeit fir eis déi gréisstméiglech Entfalung vu Méiglechkeete vun all Bierger wei och déi gréisstméiglech Entfalung vu Méiglechkeete vun der Gemeinschaft. Fräiheet fënnt an der Verantwortung virum Matmënsch statt. Hier Grenze fënnt Fräiheet vum eenzelen do, wou d’Fräiheet vun engem Anere beréiert gëtt. Eist Zil ass eng Communautéit, an där sech jidderee senge Bedürfnisser a Fäegkeeten no entwéckele kann a sech senger Verantwortung fir d’Gesellschaft bewosst ass.

Gläichheet

Gläichheet als Grondwäert verkierpert fir eis méi wei nëmmen d’Gläichheet vun alle Mënsche virum Gesetz. Gläichheet ass déif verbonne mat dem Käergedanke vun der Gerechtegkeet, an dem si sech zu all Zäit moosse loosse muss. Et duerf net sinn, dass an eiser Gesellschaft d’Hierkonft iwwert de berufflechen Erfolleg entscheed. Gerechtegkeet als gesellschaftlecht Zil fuerdert dowéinst den Ausgläich vu sozialen Ënnerscheeder, den Ofbau vu Privileegien a wierklech Chancëgläichheet. Eist Zil ass eng Gesellschaft, an där individuell Leeschtung ouni d’Ugesi vun der Persoun gefuerdert a belount gëtt.

Bridderlechkeet

De Grondwäert vun der Bridderlechkeet bedeit fir eis onbedéngt Solidaritéit mat de Schwaachen, Alen, Kranken, de folgende Generatiounen an der Ëmwelt. Ouni sozial Sécherheet a besonnesche Schutz ass fir déijéineg, déi Leeschtung net aus eegener Kraaft erbrénge kennen, kee mënschewierdegt Liewe méiglech. Eist Zil ass eng Communautéit, déi seng Memberen a Krisesituatiounen net eleng léisst an déi um Wee an d’Zukunft keen zeréckléisst.

Dateschutz

D’Recht ob vergiess ginn, an den Ëmgang mat der eegener Identitéit muss dem Eenzele reservéiert sinn. Weder de Staat nach Entreprisë sollen d’Recht hunn den Eenzelen auszespionéieren, an ouni Zoustëmmung iwwert gesammelt Informatiounen ze verfügen. Keng Entreprise an Institutioun duerf ouni Oofscheddung un den Halter vun den Informatiounen an ouni Accord déi Selwecht verkafen.

Gerechten Ausgläich tëschent Aarm & Räich

All Mënscht huet d’Recht, sozial gläichberechtegt an der Dignitéit an an der Onofhängegkeet ze liewen. Mir kämpfen fir eng gerecht Verdeelung vu Wueren a gläich Liewenschancë fir Jiddereen.

Besonnesch engagéiere mir eis fir:

– déi tatsächlech Gläichstellung vu Mann a Fra

– eng geséchert a bezuelbar Gesondheetsversuergung fir jiddereen

– e Bildungssystem, de fir jiddereen oppen ass a chancëgläichheet fuerdert

– d’Ëmverdeelung vun Aarbecht a Räichtum

– en oppent a gläichberechtegt matenee vu Lëtzebuerger an Auslänner

Reform vun der Drogepolitik

D’PARTEI setzt sech a fir eng komplett Entkriminaliséierung vun allen Drogen, an dëst no der Virlag vun der Drogepolitik aus Portugal. Dëst géing d’Suchtpreventioun a Suchthëllef vereinfachen, an och kéinten sech méi Konsumenten ouni Gefor vu Bestrofung hëllef sichen. Des weidere fuerdert d’PARTEI komplett Legaliséierung vu liichten Droge fir de rekreationelle Gebrauch.

Exzessiv Exploitatioun vun onsem Planéit stoppen

Atomkraaftwierker, Transitlawin a besonnesch Déiereschutz si ville Leit wichteg. Trotzdeem hunn d’Regierungen déi lescht Joerzéngten et verpasst, d’Bedürfnisser vun de Mënschen an dësem Land no intakter Ëmwelt a Natur seriö ze huelen.

D’Partei bekennt sech zu Nohaltegkeet am Ëmwelt-, Natur- an Déiereschutz: Nëmme virsiichtegen a bewossten Ëmgang mat natierleche Ressourcen a Liewensgrondlage wei Loft, Waasser a Nahrungsmëttele sécheren ons Existenz an der haiteger Zäit souwéi d’Zukunft vun eise Kanner.

Nohaltegkeet geet allerdéngs iwwert den Ëmweltschutzgedanken eraus an zitt sech duerch all politeschen a gesellschaftleche Beräich. Zukünfteg Generatioune wëllen, jo musse mir déi selwecht Chancen ob en onofhängegt Liewen an enger Intakter Ëmwelt erméiglechen.

Fir eis bedeit modernen Ëmweltschutz a nohalteg Entwécklung méi wei beispillsweis den Abau vu Filteren a Kraaftwierker. Modernen Ëmweltschutz a nohalteg Entwécklung bedeit weder Verzicht nach Askees. Modernen Ëmweltschutz fuerdert Innovatioun. Modernen Ëmweltschutz schaaft Aarbechtsplazen. Modernen Ëmweltschutz schaaft nei Exportchancë fir ons Wirtschaft. Modernen Ëmweltschutz belieft den Tourismus. Modernen Ëmweltschutz stäerkt de ländleche Raum. An Ëmweltschutz, wei mir e verstinn, bréngt virun allem eppes: Méi Liewensqualitéit fir d’Mënschen zu Lëtzebuerg.

Mir wëllen, dass Lëtzebuerg am Ëmweltschutz eng international Virreiderroll anhëlt, Lëtzebuerg soll Ëmweltmusterland ginn. Dëst betrëfft nieft enger virbildlecher Ëmweltpolitik och en ëmweltpolitesch engagéiert Agéiere vun onsem Land an de Gremie vun der EU an am Kader internationaler Verhandlungen.

Méi Demokratie: Plebiszitär Elementer ob nationalem Niveau

D’Partei wëll, datt dat läscht Wuert ëmmer d’Vollék huet. Dat bedeit, datt d’Vollék ëmmer eng Méiglechkeet huet direkt op alles wat et betrëfft Afloss ze huelen. Et ass e legitimt Recht wat dem Vollék als zousteet.

D’Vollék muss mat allen Entscheedungen vun der Legislativ (Parlament) an der Exekutiv (Regierung an hir Institutiounen) all Dag liewen, dofir ass d’Vollék och am beschte gëeegent fir d’Spillreegele vun eiser aller Zesummeliewen ze bewäerten an wou et néideg ass unzepassen. Fir dat ze erméiglechen, brauch d’Vollék e Referendum den sie selwer op de Wee brénge kënnen, dem séng Befugnis onbeschränkt ass an dem säi Resultat bindend ass.

Nei Glidderung vun de Walbezierker

Fir méi einfach a representativ Vertriedung vum Vollek an der Chamber ze hunn, sollen alleguerte Walbezierker fir d’Nationalwalen zesummegeluecht ginn. Dëst erméiglecht et fir dass d’Vollek no Kompetenzen an Experienzen hier Stemme kennen ofginn. Derbäi entsteet doduercher eng méi gläichwäerteg Stemm ob de Bierger.